2012 war Déifferdeng schonn emol en Télévie-Zenter. Dëst Joer ass een nees dobäi a freet sech d’Leit dëse Samschdeg ze empfänken.

Wéi och an all deenen anere Centres de Promesses, stinn hei eng Rei Aktivitéiten um Programm, wéi zum Beispill tauchen. Et wieren ustrengend Méint fir den Organisatiounscomité gewiescht, esou d’Pascale Lorang, Coordinatrice vun dësem CdP. Mee natierlech hätt sech déi ganz Aarbecht gelount. Alleng beim Promi Dinner, wou ënnert anerem dem Jean-Claude Juncker seng Kravatt versteet ginn ass, sinn ëm di 10.000 Euro erakomm.