Den 11. Juni ass et duerch d'Walen zu Déifferdeng zu méi groussen Ëmwälzungen am Gemengerot komm. Och déi nei LSAP-CSV-Koalitioun huet genuch Baustellen.

Zu Déifferdeng hunn d'Gemengewalen nawell fir méi grouss Verännerungen op politeschem Plang gesuergt. Wärend déi Gréng massiv u Stëmme verluer hunn, war d'LSAP dee grousse Walgewënner. D'Sozialisten hunn eng Koalitioun mat der CSV forméiert an zanter senger Vereedegung den 3. Juli steet de Guy Altmeisch als Buergermeeschter un der Spëtzt vun der 30.000-Awunner Gemeng. Och no ronn 100 Deeg am Amt geet ëm d'Aarbecht nach laang net aus, beispillsweis an de Beräicher Sécherheet, Logement a Verkéier.

Déifferdeng: 1.000 Demande fir 80 Appartementer (Reportage Marc Hoscheid)

D'Situatioun am a ronderëm de Parc Gerlache hat an deene leschte Joren ëmmer rëm fir Diskussioune gesuergt. De fréiere Polizist Guy Altmeisch seet, hie wier sech bewosst, datt Sécherheet fir vill Leit ee wichtege Sujet wier. Et géing een och dru schaffen, ma hien hätt no de Wale leider keen Zauberstaf kritt. Hie géing sech awer mat all senger Energie bei deenen zoustännegen Autoritéite fir eng effektiv Kameraiwwerwaachung asetzen. D'Policepresenz um Terrain hätt sech an deene leschte Méint op alle Fall scho verbessert an dorunner hätt d'Gemeng ee groussen Undeel.

"D'Policepresenz huet sech ganz positiv entwéckelt, nodeems mer als Gemeng de Virfinanzement vum Policekommissariat gemaach hunn an de Kommissariat och deplacéiert ginn ass. Et muss ee wëssen, datt de Kommissariat lo ronn 50 Meter Loftlinn vun deem Hotspot do ewech ass, an datt d'Kolleege vun der Police et lo méi einfach hunn, Presenz ze weisen."

 

D'Käschte vum Kommissariat hätt d'Gemeng integral vum Staat zeréckkritt, sou datt déi finanziell Situatioun net sou schlecht wier, wéi deels an der Presse behaapt. Mat Bléck op d'Schafe vun abordabelem Wunnraum géing d'Gemeng hiert Méiglecht maachen. Datt Bedarf do ass, géing sech un der Nofro fir Wunnengen am Projet Gravity weisen.

"Mir hunn 1.000 Demande kritt fir 80 Wunnengen. Dir kënnt Iech jo virstellen, datt d'Leit do nach am gaange sinn eng Selektioun ze maachen. Ech kann Iech och confirméieren, datt déi Selektioun net dem Numm no gemaach gëtt, mee déi Kandidaturen, déi rakomm sinn, déi ginn anonym traitéiert, fir datt do kee ka soen, mir hätten ee privilegéiert behandelt. Mir kucken do wierklech, fir d'Neutralitéit zu 120 Prozent ze garantéieren."

 

Intensiv hätt ee sech och mat der Verkéierssituatioun an der Gemeng beschäftegt. Aktuell géing een neit Verkéierskonzept ausgeschafft, dat no der Chrëschtvakanz presentéiert soll ginn. D'Sécherheet vun de Schoulkanner géing dobäi am Mëttelpunkt stoen. Dowéinst solle virun de Schoulen Tempo-30-Zonen amenagéiert ginn. Ma am Idealfall sollte generell manner Autoe ronderëm d'Schoulen zirkuléieren.

Och am Beräich vun de Sportinfrastrukturen, virun allem fir déi Jonk, wéilt een eppes maachen. Dës sollten esou séier wuesse wéi d'Populatioun, dat fir de Besoinen nozekommen. Am Moment géinge Gespréicher mat engem Architekt lafen, fir de "Stade du Thillenberg" ze renovéieren. Den Thillebierg sollt rëm déi Futtball-Arena ginn, déi se war, an déi och iwwert d'Landesgrenzen eraus bekannt gewiescht wier.