Um Freideg den Owend konnt sech de 25 Joer alen Educateur vun Déifferdeng an de Liveshows keng Top5-Plaz sécheren.

De Joel, dee mer Iech am November en engem Portrait am Magazin virgestallt hunn, konnt sech als leschte Kandidat vu senge Coache Bill an Tom Kaulitz mam Lidd "Leave a Light on" vum Tom Walker fir d'Liveshows, an deemno d'Halleffinall qualifizéieren.

Leave a Light On

Hei ass et um Freideg den Owend Eescht ginn.

13 Halleffinaliste sinn hei géinteneen ugetrueden. Alleguerten hu se 1 Lidd op der Bün performed an du war et un den Zuschauer, fir fir hir Favoritten ofzestëmmen. Just 5 Plaze waren hei ze verginn, fir duerno an der grousser Finall ëm den Titel ze performen.

De Lëtzebuerger Joel Marques Cunha war dann och direkt den éischte Kandidat, dee live huet mussen op d'Bün. En hat sech fir d'Lidd "Drops of Jupiter" vun Train entscheet.

No sengem Optrëtt waren all d'Coaches begeeschtert. Besonnesche Luef gouf et natierlech vu sengem Team ëm de Bill an Tom Kaulitz, ma och den Giovanni Zarella war der Meenung, de Lëtzebuerger kéint stolz op seng Leeschtung sinn.

D'Shirin David huet de Joel als e "Gewënner" duergestallt an dat net just wéinst senger gudder Stëmm, well e sou sympathesch ass, ma och well e richteg gutt géif ausgesinn.

De Ronan Keating fënnt, dass d'Entwécklung vun de Blind Auditions bis elo an d'Liveshows definitiv verdéngt hätt, dass en bis an d'Finall sollt kommen.

Luef gouf et och vum Kool Savas, deen elo eréischt bei der Halleffinall mat dobäi war, an e Rapper mat an d'Course fir d'Finall schéckt. Hien hätt de Lëtzebuerger och schonn um Fernsee verfollegt. E wier introvertéiert, professionell, richteg sympathesch a géif mat de Leit dobausse "connecten". Et wéilt een, dass e weider kënnt, an dat ëm all Präis.

Well de Joel als Éischte vun den 13 Kandidaten opgetrueden ass, huet et fir hien am längste geheescht sech ze gedëllegen an d'Resultat vum Voting ofzewaarden.

Et huet dann och bis 23.28 Auer gedauert, bis all d'Kandidatinnen a Kandidaten hiren Optrëtt hannert sech haten. Duerno huet et nach emol 10 Minutte gedauert, bis de Voting ofgeschloss war an et war um Notaire, fir d'Zuelen ze validéieren.

Um 23.56 Auer war d'Resultat dunn offiziell...

De Joel Marques Cunha krut trotz engem super Optrëtt leider net genuch Stëmme vun den Zuschauer a war domat eliminéiert. Mat ofstëmme konnt een iwwregens just aus Däitschland, Éisträich an der Schwäiz.

D'Finall vun "The Voice of Germany 2023" ass den 8. Dezember a mat dobäi sinn d'Malou, den Egon, d'Joy, d'Emely an d'Desirey.