Zanter Enn September leeft op der däitscher Tëlee déi 13. Staffel vun der Casting-Show "The Voice of Germany".

Mat dobäi ass de Joel Marques Cunha vun Déifferdeng. Bei de Blind Auditions Enn September konnt hien alleguerten d'Jurore vu sech iwwerzeegen. Domat hat hien déi fréi Wal doriwwer, mat wéi engem Coach hien an déi nächst Phas vum Casting goe wëll.

Um Enn ass seng Wiel op d'Zwillinge Bill an Tom Kaulitz, Sänger respektiv Gittarist vun der Band Tokyo Hotel gefall.

E Freideg den Owend stoung mat de sougenannte Battles déi nächst Phas vum Casting um Programm. Hei huet de Joel misste géint dem Bill an dem Tom hiren anere Schützling, de Marc Altergott aus Niedersachsen untrieden. Allebéid hunn d'Lidd Impossible vum James Arthur gesongen. An dat nawell esou gutt, dass hir Coachen sech um Enn dogéint decidéiert hunn, ee vun hinnen zwee erauszegeheien. Elo stinn allebéid an der nächster Ronn vum Casting, de sougenannte Sing-Offs. Dës sollen den 10. November dëst Joer ufänken.

Kuckt hei nach eng Kéier dem Joel säin Optrëtt an de Blind Auditions: