De 25 Joer alen Educateur vun Déifferdeng begeeschtert aktuell dausende Leit op der däitscher Tëlee an der Castingsendung "The Voice of Germany".

Fir de Joel Marques Cunha ass dat eng komplett nei Situatioun. "Et ass och e bësse komesch, du kriss iwwerall Komplimenter." De rouege Museker huet eleng op Instagram an de leschte Wochen Dausende Follower bäikritt an am RTL-Interview huet hien eis och verroden, datt en am Ufank guer net sou begeeschtert vu senger Participatioun war. Hie wosst nämlech näischt dovunner a seng Frëndin hat hien einfach ugemellt, ouni eppes ze soen. An du goung et relativ séier. Schonn an de Blind Auditions war hie gutt ukomm, alleguerten d’Jurysmemberen hate sech ëmgedréint an hie konnt dunn decidéieren, bei wien e wéilt goen. Well hien als Kand ëmmer en Tokio-Hotel-Fan war, war et och séier kloer, datt hie bei den Tom a Bill Kaulitz wäert an d’Ekipp goen. Nodeems hien dunn och an de Battles konnt iwwerzeegen, wäert elo den 10. November de nächsten RDV ustoen. Wann hien et da packt an eng Ronn weiderkënnt, steet hien an de Live-Shows.

De Joel wëll d’Chance elo och wierklech notzen a steet dofir och aktuell am Studio a produzéiert eege Musek. Dat ass him bis ewell ëmmer relativ schwéier gefall, bei "The Voice" gouf hien awer vu ville Säite motivéiert a wäert elo deemnächst eege Lidder erausbréngen an dann och Concerte ginn.