D'Zesummenaarbecht tëscht dem Staat an dem Science Center soll dem Educatiounsministère no anescht organiséiert ginn. Den Direkter reagéiert zeréckhalend.

Den Educatiounsministère stellt kloer Konditioune fir eng weider Zesummenaarbecht mat der ASBL Luxembourg Science Center. Mä där hire President Nicolas Didier, dee senger Privatfirma iwwert d’ASBL Opträg ginn huet, wëll net wierklech do drop agoen.

Science Center / Reportage Michèle Sinner

De Lex Folscheid, éischte Regierungsrot am Educatiounsministère, schwätzt am Fong net ronderëm de Bräi:
"Sou wéi bis elo wäert et net kënne weidergoen. Mir hunn do ganz kloer Konditiounen, déi mer wäerten imposéiere fir eng weider Kollaboratioun tëscht dem Staat an dem Science Center."

An zwar, esou de Lex Folscheid:
"Datt eigentlech déi Struktur vun dem Science Center gekoppelt un eng SARL, déi eng Rei Prestatioune fir de Science géing leeschten, datt déi Struktur net dierft weider bäibehale ginn. Mir gesinn do eng ze vill grouss Gefor vun Abusen, ze vill eng grouss Intransparenz."

D’Relatiounen tëscht dem Nicolas Didier senger Privatfirma GGM11, déi fir de Science Center (LSC) d’Statiounen an der Expo gebaut huet an och soss Servicer leescht, missten deemno ënnerbonne ginn.   
"Also datt alles an enger Struktur wier, dat ass eng vun eise Konditiounen."

Zesummenhäng ware Verwaltungsrot an Educatiounsministère net bewosst

Den Educatiounsministère huet zanter 2017 alles an allem ronn 22,8 Milliounen Euro u Subventiounen op direktem oder indirektem Wee un de Science Center bezuelt. Do ass den Nicolas Didier President a Direkter. An där Funktioun huet hien der Firma GGM11 Opträg ginn, wou hie Gerant ass an déi him gehéiert. Dat war esou awer weder dem Verwaltungsrot vun der ASBL, nach de Verantwortlechen um Educatiounsministère bewosst, wéi si eis confirméiert hunn.

GGM11 huet am Fong keng Clienten, ausser dem Science Center, confirméiert de Nicolas Didier.
"Dat war d’Gemeng Déifferdeng, dat war d’Fondatioun Léierbud. Awer iergendwéi d’une façon ou d’une autre liéiert mam Science Center."

Sou koum och d’Geld, d’une façon ou d’une autre, vum Educatiounsministère. Dofir seet de Lex Folscheid:
"An déi aner Konditioun war, datt de Staat eng staark Representatioun innerhalb vun där Struktur géing kréien, sou datt mer och eiser Kontrollfunktioun innerhalb vun der Struktur kënnen nokommen."

Déi Konditioune goufen dem Nicolas Didier an dem Verwaltungsrot vum Science Center schonn de leschten Hierscht matgedeelt. Deen huet doropshin eng Propose gemaach, sou de Lex Folscheid:
"Wou awer eis Konditiounen net erfëllt waren. Dat heescht, wou net eng Struktur geschaaft gi wier, mee weiderhin déi Strukture vun ASBL a SARL weiderhi bestanen hätten." 

Déi Positioun huet sech net geännert. Op d’Fro, ob hien ewell enger Integratioun vun der Firma GGM11 an de Science Center géing zoustëmmen, äntwert den Nicolas Didier:
"Net an de Science Center ze integréieren, dat mécht kee Sënn, well dat sinn zwou ganz verschidden Aktivitéiten. Mä do kéint ee kucken, datt  een do eventuell eng Struktur kéint fannen, wou déi zwee e wéineg méi liéiert sinn, wéi se de Moment liéiert sinn."

Et dierft een net vergiessen, warnt de Nicolas Didier:
"Dat ass eng Privatinitiativ. Och de Science Center ass eng Privatinitiativ. An iergendwéi muss ee sech do der Fro stellen, wéi ee mat de Pouvoirs publics zesummeschafft."

Beim Hiweis, datt déi Pouvoirs publics d’Privatinitiative finanzéieren a just nach eng Struktur wëllen, äntwert hien:"Majo, da musse se mam Proprietär eens ginn."

Finanzstréim ginn duerchliicht

Ënnert anerem wéinst där Haltung hat den Educatiounsministère scho virun e puer Méint d’Inspection générale des finances (IGF) ageschalt. Déi huet den Optrag:
"Eng Kéier déi aktuell Struktur ze duerchliichten, wat d’Finanzfluxen ubelaangt, wat de Financement ubelaangt. Fir eng Kéier kënne kloerzestellen, wat d’Besëtzrechter si bei deene verschiddenen Elementer, déi an deem Science Center dra sinn a fir eis kënnen ze guidéiere bei der Fro, wéi eng zukünfteg Gouvernance-Struktur géif ausgesinn, ob mer elo do vun enger ASBL schwätzen, vun enger Fondatioun oder vun engem Etablissement public."

A wéi d’Participatioun an d’Kontroll vum Staat do dra soll ausgesinn.

Do dohannert verstoppt sech natierlech och d’Fro, wat eng Firma Wäert ass, déi ausschliisslech Opträg vun enger eenzeger, haaptsächlech ëffentlech finanzéierter, ASBL lieft. Falls de Staat se sollt opkafen, fir all d’Leit, déi fir Science Center schaffen, dat si bei der ASBL an der Privatfirma zesummen iwwer 50, an enger Struktur zesummenzebréngen.

De Nicolas Didier behaapt, hien hätt 2,4 bis 2,5 Milliounen Euro an seng Entreprise gestach. De nächste Mëttwoch geet den Educatiounsminister Claude Meisch an d’Budgetskontrollkommissioun (Comexbu) an d’Educatiounskommissioun vun der Chamber. D’Deputéiert hate gefrot, datt hien do Explikatioune gëtt iwwert d'Aarbechte vun der IGF. En Dënschdeg huet de Minister e Grapp voll Questions parlementaires beäntwert, déi d’Deputéiert no Recherchë vu Reporter.lu gestallt haten.