De groussen Télévie-Dag réckt ëmmer méi no. Uechtert d'Land goufe scho fläisseg Sue gesammelt.

Nieft Rodange, Schëtter an Helperknapp, ass Déifferdeng ee Centre de Promesse fir den Télévie 2023. Domat sinn et dëst Joer véier Gemengen, déi Spende fir d'Recherche géint de Kriibs zu Lëtzebuerg sammelen. An dass de Compteur esou vill wéi méiglech gefëllt gëtt, goufe schonns eng sëllegen Aktiounen organiséiert.

E Sonndeg den Owend hat de Centre de Promesse Déifferdeng op den Télévie Promi Dinner invitéiert. Fir d'Leit ze zerwéieren, hu 16 Prominenter hire Beruff géint e Schiertech getosch an de Leit déi dräi Gäng un den Dësch bruecht.

Wann een d'Pascale Lorang vum Organisatiounscomité freet, waren déi läscht Méint relativ stresseg. "Horror! Vun November bis elo huet et geheescht nëmmen dowidder. Sou vill wéi méiglech Leit, Veräiner, Schoulen a Maison-relaise mobiliséieren, fir esou vill wéi méiglech Suen ze sammelen."

Ma d'Aarbecht huet sech gelount. D'Tickete fir den Dinner ware séier ausverkaaft an iwwer 6.000 Euro sinn zesumme komm.